Feeds:
Posts
Comments

Eischten Besuch

A weider et geet!

Ier – no 2 Wochen – dann och endlech d‘Schaffen ugaang ass, kruut ech mäin éischten Besuch. Meng Mamm wäer an der wäisser Stad vum 16. bis den 18. September. Et ass witzeg, well während däer Zäit huet Belgrad sech ugefillt ewéi Vakanz, an nitt wéi meng momentan Wunn&Schaffplaatz. Vu dass vum Besuch erwäert gett, dass ech bessen méi iwwert Belgradweess, hunn ech mech mam Reiseführer virun d‘Diir gesat an op meng Mamm gewäert. Kuerz drop schwäetzt ee mech un:Can I help you? Do you look for something? I think for touristic things you are in the wrong spot. (Dat wäer rëm ee klengen Hack dorop, dass ech wierklech um östlechen Enn vun Belgrad wunnen). Continue Reading »

Exploring Beograd

Dann mol hei erëm ee klengen Update fir déi, déi sech nach kennen un déi Säit hei erënneren! :)

Nodeems dem Nikola säin Tipp fir de Metzler sou ee Volltreffer wäer, wäeren d‘Elisabeth an ech och ganz presséiert, fir säin zweeten Tipp ze checken. Den zweeten Tipp wäer Tempo, ee Buttik an der Industriezon bei der Pancevo-Bréck. Pancevo ass een nördlechen Viruert vun Belgrad, op deem ech eng engem spéideren Blogpost ganz am Detail wäert zréckkommen. Mir zwee hu gemengt, dass déi Bréck nitt sou wäit wech ass. Konsequenz vum Mengen: Continue Reading »

Densdes, den Dräizingten

No enger Woch Abstinenz vun Belgrad wosst ech nitt sou richteg, waat ech soll an waat mech géing erwäerden. Ech wäer 4 Deeg alleng an der Wunning an hunn näischt dra gemeet, firwat soll d‘Elisabeth eppes an 7 Deeg drun änneren? 
Um véierten Stack ukomm (waat guer nitt sou einfach mat enger Valiss ass) kruut ech d‘Diir mol nitt opgespäert. Si haaten awer nitt d‘Schlass nei gemeet, wéi ech deen éischten Moment geduecht hunn, mee d‘Elisabeth hat just de Schlëssel op däer aaner Säit dragelooss. Mee scho mam éischte Bléck ran an d‘Wunning konnt ech Verännerungen erhaschen: d‘Kichen haaten d‘Elisabeth an den Dragan ganz emgetesselt, mir kruuten eng nei Wäschmaschinn an op sengem Laptop hunn ech gesinn, dass et seng Facebooksäit ophaat. Mäi Réckschloss, dasse mir also lo Internet an der Wunning hätten, wäer awer falsch.  D‘Elisabeth haat sech een USB-Modem kaaft, fir alt bessen Kontakt zu Däitschland ze haalen, awer natierlech ass dee Modem nitt u mengem MacBook gaang. 
A spéitstens do hunn ech realiséiert, dass ech an Serbien wier an nitt méi a Lëtzebuerg. Di serbesch Post haat zwäer versprach, den Internetprobleem bannen 5 Deeg ze léisen, mee d‘Serben soen selwer vu sech, dass hei alles „polacko polacko“ ofleewt – lues lues.

Continue Reading »

Sarajevo

Sarajevo. 4 Silben.
Sarajevo. 4 Joer Belagerung, déi een nach no 15 Joer un all Eck gesäit.

Wat soll een iwwert eng Stad wéi Sarajevo soen? Wouhier kennt all säi Charme?
 Ech  mengen, fir bëssen z‘erkläeren firwat Sarajevo mir sou gudd gefält, fänken ech einfach beim leschten Owend un. No dem „On-Arrival-Training“ haate mir eis décidéiert, nach 2 Deeg méi laang an der Stad ze bleiwen. Continue Reading »

Um Sprong fir op Sarajevo

(ech hunn haut zwee Blog-Einträg gepost, fir bessen opzehuelen, also nitt vergeessen an “Zweeten Daag” virun deem hei leesen! :) )

Mäin zweeten kompletten Daag huet manner ze bidden – alleng an deem groussen Apartement, ouni d‘Leit wierklech ze kennen, haat ech keng Motivatioun, irgendeppes vu Belgrad ze gesinn. Mettes hunn ech mech mam Jane getraff, fir den Trip op Sarajevo ze plangen. Doduerch hunn ech och zwee weider Voluntäeren kenne geléiert (gesidd dir, et fänkt schon un komplizéiert ze ginn :D ), neemlech d‘Paulina aus Polen, waat bis Januar hei bleiwt an den Orhan aus der Türkei, deen nach 9 Méint zu Belgrad bleiwt.

Continue Reading »

Zweeten Daag

9 Auer, et erwächt een, ouni dass de Wecker schellt. Zu Lëtzebuerg géing mir daat nitt geschéien. Sou geschitt ass daat awer deen 2. Daag zu Belgrad. An da stellt sech d‘Fro: Waat mécht een an enger Milliounestad, sou grouss wéi Lëtzebuerg, wou een säin geographeschen Ëmkrees vun 100 Meter kennt, a vun Leit nach guer keng Ahnung huet? Trëppelen. Kucken. Trëppelen. Um 12 haat ech Rendez-Vous mam Dragan. Belgrad ass fir mech nach wéi een grousse wäisse Fleck, an sou hunn ech wäerend enger Stonn versicht menger Géigend „Karaburma“ bëssen méi Fäerw ze ginn.

Continue Reading »

First Belgradian Impression

Den Méinden, 1. September, sinn ech also géint 5 Auer um Nikola Tesla Aerodrom zu Belgrad geland (den Nikola Tesla wäer iwwregens een vun den wichtegsten Leit fir d‘Elektrotechnik, an engem gewessen Senn also ee vun de Papp‘en vum Computer). Ech wosst, dass een géing op mech wäerden – daat wäer awer och alles vun Informatioun. Ech wäer scho mol erliichtert, dass meng Valiss ukomm ass, an hu mech dann ouni weider Gedanken ze mäechen, an d‘Leit gestierzt. Ech wäer knapps aus der Diir, du koum schon een Mann, Ufanks 30, an engem Doors-T-Shirt (Pluspunkt :D ), décidéiert op mech duer an huet sech als Dragan virgestallt. Wäerend den Miomir éischter déi representativ Roll am MEC iwwerhellt, ass den Dragan fir de ganzen Recht Organisatioun zoustänneg. Pro Daag kritt heen tescht 150 an 200 SMS‘en / E-Mailen pro Daag, studéiert doniewt (!) nach Medizin  an wierkt awer ni gestresst oder onfrendlech. Falls säin Daag nach méi wéi 24 Stonnen hätt, kéint en och nach als Reiseführer schaffen.

Continue Reading »

Let’s start!

1. September 2011, München Airport. 11:11.

(Info: Den Post ass do geschriwwen ginn, ech haat awer bislo keen Internet, fir en online ze stellen)

Ech setzen grad um Münchener Flughafen an muss nach iwwer 3 Stonnen doutschloen, bis ech den Uschlossfluch op Belgrad kréien. Merci Lufthansa. Ech sinn um 10:10 hei geland, an hätt kennen um 11:00 een Uschloss kréien an d‘Wäiss Staad.
Mee sou hunn ech eng gemittlech Plaatz fonnt, wou ech ka bessen schreiwen, wou ee gudd kann eessen – an daat virun allem deier. Mee et ass ze verkraaften, et wäert di leschte Kéier sinn an näechster Zäit, wou ech fir mi een deieren Präiss eessen. 
Emmerhin wunnen ech lo an ee Land, wou virun nitt all ze laanger Zäit de Kapitalismus nitt déi verbreeten Ideologie wäer – och wann een, fir richteg ze sinn, Jugoslawien nitt kann zum fréieren, vum Stalin imposéierten Kommunismus zielen. Den Tito ass fir säin eegene Wee zum Kommunismus bekannt. 
Desweideren huet Jugoslawien mat der Haaptstad Belgrad, zu de Blockfräien Staate gehéiert, also déi Staaten, déi sech am Kaale Krich weeder zum West- nach zum Ostblock bekenne wollten.

Continue Reading »

Follow

Get every new post delivered to your Inbox.